Froen?

Wéi eng Kritäre fléissen an d'Bewäertung an?


Déi verschidde Froe vun eisem Simulator erméiglechen eis et, d'Qualitéiten a Mängel vun Ärer Immobilie objektiv ze bewäerten, fir hire Wäert ze bestëmmen.

Mat iwwer zéng Joer Erfarung mat Immobilien am Groussherzogtum verfüge mir iwwer vill Vergläichstudië vum Maart an Ärer Stat oder Ärem Véierel, baséierend op de leschte Gidder, déi virum Kuerzem verkaaft oder verlount goufen. D'Geschäfter, Schoulen, Transportmëttel, Fräizäitberäicher, Parkméiglechkeeten nobäi sinn alles allgemeng Kritären, déi den Immobiliëpräis an enger bestëmmter Regioun beaflossen.

Zu dëse globalen Date kommen nach méi spezifesch Kritären derbäi: déijéineg, déi fir Är Ënnerkonft eege sinn ewéi d'Fläch, den allgemengen Zoustand, d'Ausstattung an hir Qualitéit, d'Verdeelung vun de Raim, d'Unuerdnung vun de Stäck, d'Siicht, duerchgeféiert Aarbechten … All dës Informatiounen erméiglechen eis et, de Präis jee Quadratmeter vun Ärer Immobilie méi genee unzepassen.

Déi aner Froen uweisen